
De KI-Chatbot ChatGPT vun der Firma OpenAI wäert an der EU an Zukunft ënner méi strenger Beobachtung stoen. Dat huet d'EU-Kommissioun e Méindeg matgedeelt. Den Chatbot gëllt elo offiziell als "ganz grouss Sichmaschinn", sou dass an Zukunft déi strengste Virschrëfte vum Gesetz iwwer digital Déngschter, dem sougenannten "Digital Services Act" (DSA) fir dëse gëllen. ChatGPT hätt déi dofir néideg Zuel vun op d'mannst 45 Milliounen Notzer e Mount iwwerschratt.
Tatsächlech huet den Chatbot dëse Seuil schonn zanter laangem iwwerschratt. Aus den Zuelen, déi OpenAI zejoert un d'EU iwwermëttelt huet, goung ervir, dass d'ChatGPT an der EU 2025 an der Moyenne iwwer 100 Milliounen aktiv Notzer de Mount hat.
Donieft ginn d'Plattforme Reddit a Roblox zanter e Méindeg an der EU als "ganz grouss Online-Plattformen" agestuuft. Bei Reddit handelt et sech ëm en Diskussiounsforum, deen an themespezifesch Ënnerkategorien opgedeelt ass. Roblox ass op d'Entwécklung an dat gemeinsaamt Spille vu Videospiller spezialiséiert. Well dës Déngschter et den Notzer erméiglechen, Inhalter vun aneren ëffentlech ze deelen, gëlle se am Sënn vum DSA als Online-Plattformen.
Duerch d'Klasséierung als "ganz grouss Sichmaschinn" respektiv als "ganz grouss Online-Plattformen" huet d'EU-Kommissioun elo d'Méiglechkeet, Abléck an d'Funktiounsweis vun dësen Déngschter ze verlaangen. Dat géif an Zesummenaarbecht mat den nationale Medienopsiichtsagencë vun de jeeweileg zoustännege Memberstaate passéieren. Am Fall vun ChatGPT a Reddit, ass dat déi iresch an am Fall vu Roblox déi hollännesch Medienopsicht.
Fir d'Déngschter selwer bedeit d'Klasséierung, dass si sech u méi streng Oplage mussen halen. Si mussen ënner anerem méi staark géint d'Verbreedung vun illegalen Inhalter virgoen, Mannerjäreger besser schützen a potenziell negativ Impakter vun hiren Offeren op d'Grondrechter, d'Walprozesser an d'ëffentlech Sécherheet evitéieren.