Walen an DäitschlandA Sachsen-Anhalt kéint déi riets AfD geschwënn hiren éischte Ministerpresident stellen

Eve Bernardo
D'AfD ass mëttlerweil déi beléiftste Partei bei eisen däitschen Noperen a se kéint geschwënn hiren éischte Ministerpresident kréien.
Der AfD hire Spëtzekandidat Ulrich Siegmund
© PETER GERCKE/dpa Picture-Alliance via AFP

A Sachsen-Anhalt gëtt e Sonndeg de Landtag nei bestëmmt an d'Alternative für Deutschland läit an den Ëmfroe ganz däitlech vir.

Mat ganzer 42 Prozent kritt d'AfD bal duebel esou vill Zoustëmmung, wéi d'CDU. Dat seet op d'mannst eng ARD-Ëmfro vu leschter Woch. Die Linke an d’SPD komme mat 11 Prozent, respektiv 8 Prozent hannendrun.

Déi Gréng an d’Bündnis Sahra Wagenknecht géifen et mat 6 Prozent a 5 Prozent sou just nach an de Landtag packen. D’FDP géif ënnert dem Seuil vu 5 Prozent bleiwen a wier net am Parlament zu Magdeburg vertrueden.

Fir d'AfD an hire Spëtzekandidat Ulrich Siegmund ass eng absolut Majoritéit also duerchaus méiglech, a genee dat ass och d'Zil:

"Wir sind auf dem richtigen Weg, jetzt haben wir noch paar Tage Zeit, um nochmal alle PS auf die Straße zu bringen. Wir werden hier Geschichte schreiben."

Eng Koalitioun mat engem Partner annoncéiert sech iwwerdeems méi schwiereg. Déi aner etabléiert Parteie schléissen eng Koalitioun mat der AfD nämlech kategoresch aus. Just bei BSW ass et net sou ganz kloer, ob déi sougenannte "Brandmauer" nach steet. Den Thomas Schulze, BSW-Spëtzekandidat fir d'Landtagswahl a Sachsen-Anhalt, seet:

"Einen politischen Wechsel wird es nur mit dem BSW geben, absolute Mehrheit glaub ich nicht, dass die AfD das erreichen wird. Es wäre schade, wenn über 40 Prozent ihrer Wählerschaft dann wieder Opposition machen wird. Und genau diese Brandmauer-Parteien hier weiterregieren."

D’AfD gëllt am Bundesland Sachsen-Anhalt als geséchert rietsextrem a gëtt vum Verfassungsschutz observéiert. Trotzdeem kéint se Deel vun der Landesregierung ginn a fir d’éischt Kéier ee Ministerpresident stellen.

Wat géing deen neie Moment fir Däitschland bedeiten? Den AfD-Spëtzekandidat Ulrich Siegmund beäntwert dës Fro um Sender MDR esou:

"Sachsen-Anhalt ist der Beginn einer politischen Veränderung in ganz Deutschland. Wir haben dieses Jahr noch wichtige Wahlen in Mecklenburg-Vorpommern, in Berlin sind wir kurz davor, stärkste Kraft zu werden."

De Wal-Rendezvous a Sachsen-Anhalt ass deemno den éischte vun dräi ganz wichtegen am September. Och zu Berlin an a Mecklenburg-Vorpommern ginn d'Landesparlamenter nei bestëmmt. A Mecklenburg-Vorpommern soen d'Sondagen och eng Victoire fir déi riets Partei viraus, zu Berlin awer net onbedéngt.

Back to Top
CIM LOGO