GroussbritannienBritteschen Ex-Premier Starmer gëtt och Plaz am Parlament op

RTL Lëtzebuerg
No sengem Récktrëtt als brittesche Premierminister an als Chef vun der Labour-Partei huet de Keir Starmer elo och säi Réckzuch aus dem Parlament ugekënnegt.
Nach seinem Rücktritt als britischer Premierminister hat Keir Starmer auch seinen Rückzug aus dem Parlament angekündigt. Er werde sich auf "internationale Themen" konzentrieren, erklärte er in Onlinenetzwerken.
© AFP/Archiv

No 11 Joer wier et un der Zäit, als Deputéierte fir de Londoner Walkrees Holborn a St Pancras zeréckzetrieden, esou den 63 Joer ale Politiker en Dënschdeg de Mëtteg an de Soziale Medien. Hie géing sech elo op "international Theme" konzentréieren, "dorënner Verdeedegung, Sécherheet, Commerce an Technologie".

Déi lescht Méint war den Drock op de fréiere brittesche Premier a Labour-Chef ëmmer méi grouss ginn. Hie gouf am Juli vum Andy Burnham ofgeléist.

Back to Top
CIM LOGO