Däitschland ass SpëtzereiderD'Länner an der EU hunn 2025 am Ganze 34,4 Milliarde Liter Béier produzéiert

RTL Lëtzebuerg
Däitschland war 2025 de gréisste Béierproduzent an der EU mat 7,4 Milliarde Liter produzéierte Béier.
© AFP

Am Joer 2025 hunn d’Länner an der EU 34,4 Milliarde Liter Béier produzéiert. Dat entsprécht engem liichte Réckgang vun 0,7 % am Verglach mat 2024, mee enger Hausse vun 2,2 % am Verglach mat 2020.

De gréissten Deel vum produzéierte Béier, nämlech 32,3 Milliarde Liter, hat en Alkoholgehalt vu méi wéi 0,5 %. Béier mat niddregem Alkoholgehalt (ënner 0,5 %) an alkoholfräie Béier hunn zesummen 2,1 Milliarde Liter ausgemaach.

Däitschland war 2025 de gréisste Béierproduzent an der EU mat 7,4 Milliarde Liter produzéierte Béier, wat 21,6 % vun der an der EU verkaafter Produktioun entsprécht. Spuenien louch op der zweeter Plaz mat 5,3 Milliarde Liter (15,5 %), dono kënnt Polen mat 3,5 Milliarde Liter (10,2 %).

Op de Plaze véier a fënnef kommen Holland mat 2,4 Milliarde Liter (6,9 %), respektiv Frankräich mat 2,1 Milliarde Liter (6,0 %).

Back to Top
CIM LOGO