Protest-Piquet virun der CSSFAmnesty International: "Lëtzebuerg riskéiert, zum Kompliz am Krich géint d'Palästinenser ze ginn"

Céline Eischen
D'CSSF erméiglecht et Israel, fir Staatsbonds an Europa ze verkafen an iwwert dee Wee Milliarde vun Euro ze generéieren.

Lëtzebuerg erméiglecht de Finanzement vun de Grujeldote vun Israel vis-à-vis vun de Palästinenser: Dat ass op d'mannst, wat Amnesty International der nationaler Finanzopsiicht CSSF reprochéiert. An deem Kader war en Dënschdeg ee Protest-Piquet virum Sëtz op der Areler Strooss. Konkret geet et ëm israeelesch Staatsemprunten, déi virun engem Joer vun der CSSF gréng Luucht kritt hunn, fir op den europäesche Finanzmäert gehandelt ze ginn. D'Autorisatioun leeft Enn August aus a fir Amnesty International dierft déi och net verlängert ginn.

Protest Piquet virun der CSSF

Eng 50 Demonstranten hu sech op der Areler Strooss fir ee Protest Piquet virum Sëtz vun der CSSF zesummefonnt. Wéi de Generaldirekter vun Amnesty Lëtzebuerg David Pereira erkläert, hu Recherche vun Amnesty International erginn, datt Israel duerch de Verkaf vun deene Bonds iwwer 2,4 Milliarden Euro d'Joer era kritt.

"Mat deene Suen, dat huet déi israeelesch Regierung ganz kloer gesot, gi benotzt, fir ebe weider ze kënnen ze funktionéieren an eeben de Genozid, den Apartheid System, all déi Krichsverbriechen a Mënscherechtsverbrieche kënne weiderzeféieren. "

Fir Bonds um Europäesche Marché ze verkafen, brauch et den Accord vun engem Memberstaat vun der Europäescher Unioun. Viru Lëtzebuerg hat Irland d'Roll vum Accueil-Land iwwerholl. Wéinst dem ëffentlechen Drock gouf dësen Accord awer dunn 2025 zréckgezunn.

Fir Amnesty International ass kloer, datt kee Land méi israeelesch Bonds dierft zouloossen.

"Mir fuerderen och, datt allgemeng, déi aner EU-Memberstaten eeben déi Bonds net unhuelen," esou den David Pereira weider. "Allgemeng muss een oppassen, ëmmer an der Preventioun ze sinn, wann do e Risiko ass vu Mënscherechtsverbriechen oder Krichsverbriechen oder wéi dat heiten och elo consideréiert gëtt als Genozid. Da muss alles gemaach ginn, fir eeben déi dramatesch Situatioun ze verhënneren."

D'CSSF hat d'lescht Joer schonn um Krautmaart an der Finanzkommissioun op dës Reprochë reagéiert: Als onofhängeg Finanzopsiicht hätt een net d'Roll, international Gesetzer ze interpretéieren. Den CSSF-Direkter Claude Marx hat deemools uginn, datt wann et europäesch oder national Sanktioune géint Israel wéinst dem Krich géint d'Palästinenser géing ginn, d'CSSF dann och hir Autorisatioun géif réckgängeg maachen. Fir den David Pereira riskéiert Lëtzebuerg awer, sech am Krich géint d'Palästinenser zum Kompliz ze maachen:

"Mir hu leider schonn erméiglecht, datt iwwer 2,4 Milliarden Euro pro Joer konnten opgehuewe ginn. A wat gëtt da mat deene Sue gemaach? Eben déi Komplizitéit zum Genozid. An do ass e grousse Risiko elo fir Lëtzebuerg, fir d'CSSF. An do hu mir eng moralesch an eng mënschlech an eng solidaresch Verantwortung, fir deem dann e Stopp ze setzen."

D'Autorisatioun fir déi Israeelesch Bonds leeft den 31. August aus. Ob se verlängert gëtt oder net, steet nach net fest.


Weider zum Thema

Finanzminister Gilles Roth reagéiert am Journal "Israeeleschen Staatsemprutn wäert net verlägnert ginn.

Den Direkter vun der CSSF ass dann e Mëttwoch de Moien och eisen Invité vun der Redaktioun.

Back to Top
CIM LOGO