Russland bedreift illegale Mënschenhandel mat Auslänner, fir dës an der Ukrain kämpfen ze loossen. Dat huet Amnesty International en Donneschdeg an engem Bericht erkläert a sech dobäi op Interviewe mat Krichsgefaangene beruff, déi den Aussoe vun der Organisatioun no wéinst dem Versprieche vu falschen Tatsaachen dozou verleet goufen, russesch Militärkontrakter ze ënnerschreiwen.
Zu den Affer gehéiere Staatsbierger aus Brasilien, Kolumbien, Sri Lanka a Südafrika, vun deenen e puer duerch gefälscht Annoncen a Russland gelackelt a bei hirer Arrivée zum Arméisdéngscht gezwonge goufen, sou d'Mënscherechtsorganisatioun mat Sëtz zu London. Am Juni hat eng Enquête vun der AFP och opgedeckt, wéi Moskau mam Versprieche vu gutt bezuelten zivillen Aarbechtsplaze Kenianer gelackelt hat, fir un der Front ze kämpfen.
"D'Leed, dat d'Internationaliséierung vum Krich mat sech bréngt, trëfft besonnesch schutzbedierfteg Communautéiten an Eenzelpersounen op der ganzer Welt", sot d'Amnesty-Generalsekretärin Agnes Callamard der AFP an engem Interview no der Verëffentlechung vum neie Bericht.
Russland huet sech bis elo net ëffentlech zu de Reprochë vun Amnesty geäussert.
Souwuel Moskau wéi och Kiew hunn zanter Ufank vun der russescher Invasioun an der Ukrain viru véieranhallef Joer Dausende vun Auslänner fir hir Arméi rekrutéiert. D'Ukrain huet am Abrëll geschat, datt méi wéi 28.000 Auslänner aus 136 Länner an der russescher Arméi gekämpft hunn. Aner Autoritéiten ginn donieft dovun aus, datt Russland ronn 14.000 nordkoreanesch Zaldoten agesat huet, fir den Amarsch vun der Ukrain an d'Regioun Kursk ofzewieren.
Zu de wichtegste Methoden, mat deenen Auslänner ausgebeut ginn, gehéieren Amnesty no Online-Annoncen, déi dacks eng falsch zivil Beschäftegung verspriechen. "D'Päss ginn hinnen ofgeholl. Si gi gezwongen, Dokumenter ze ënnerschreiwen, déi se net verstinn. Si kréien eng Ausbildung, déi si net verstinn" a ginn als "Kanounefudder" agesat, sot d'Callamard.
An engem Fall gouf engem Camionschauffer aus Südafrika gesot, hie soll fir en Job als Chauffer op Moskau fléien a bei senger Arrivée gouf him "alles" ofgeholl, heescht et an engem Bericht vun Amnesty.
Dobäi ginn och Auslänner viséiert, déi ouni legale Status a Russland liewen. Si kréien eng Openthaltsgeneemegung oder e Pass am Austausch fir d'Aberuffung versprach, sou Amnesty.
Wärend engem begleete Besuch an engem ukrainesche Prisong am Februar huet d'AFP änlech Aussoe vun auslännesche Krichsgefaangene gesammelt, déi fir Russland gekämpft haten. Vill vun hinnen hunn uginn, si wiere gezwonge ginn, Kontrakter ze ënnerschreiwen, déi si net verstanen hätten, wiere schlecht ausgerüst gewiescht an hätten opgrond vun der Sproochebarrière Schwieregkeete bei der Kommunikatioun mat hire Cheffe gehat.
Den Delikt vum Mënschenhandel ëmfaasst der Definitioun vun de Vereenten Natiounen no den illegale Rekrutement, d'Befërderung an d'Beherberge vu Mënschen duerch Bedruch, Täuschung oder Muechtmëssbrauch. D'Callamard huet erkläert, d'Verbriechen hei wier gekennzeechent duerch den "Transfert vu Persounen", den Asaz vun "Zwangsmoossnamen, falsche Verspriechen a Gewalt" sou wéi eng "Situatioun vun der Ausbeutung".
Si huet d'Ukrain an d'Staats- a Regierungscheffen aus anere Länner, deenen hir Bierger Affer vu Mënschenhandel gi sinn, opgefuerdert, Beweiser fir dëse "Mënschenhandel" virzeleeën, sou datt déi Responsabel strofrechtlech poursuivéiert kéinte ginn.
Zwar huet si agestanen, datt d'Ukrain dës Ermëttlunge warscheinlech net prioriséiere géif. Si huet awer nach eemol extra geroden, an dës Zäit ze investéieren. Dat "géif jidderengem weisen, datt d'Ukrain ganz aner Wäerter an en aneren Usaz suivéiere géif wéi Russland", sot si.