
Am Laf vum Dënschdeg war eng US-Militärmaschinn gesi ginn, déi dem Flight-Tracking-Service Flightradar24 no um Vnukovo Airport zu Moskau gelant wier. Effektiv heescht et elo vun US-Medien, wéi zum Beispill CBS News an der New York Post, datt de Chef vum US-Geheimdéngscht CIA u Bord gewiescht wier. Weder offiziell US-Sourcen, nach offiziell russesch Sourcen hunn de Fluch bis ewell kommentéiert. D'CIA huet CBS News no och net op eng Ufro fir ee Kommentar geäntwert.
Et wier dem CIA-Chef Ratcliffe säin éischte bekannte Besuch a Russland. Hien ass zanter Januar 2025 am Amt. De fréieren CIA-Direkter William Burns wier am November 2021 fir d'lescht zu Moskau gewiescht, wou hien ënnert anerem direkt mam russesche President Putin geschwat hätt an him vun enger Invasioun vun der Ukrain ofgeroden hätt, mellt CBS News.
No engem grouss mediatiséierten Treffen tëscht dem US-President Trump an dem russesche President Putin am Summer zejoert war net méi vill Beweegung am Dossier. D'Friddensgespréicher tëscht der Ukrain a Russland, déi d'USA leede wollten, si gréisstendeels ageschlof.