Am WestjordanlandIsraeelesch Siidler gräifen AFP-Journalisten un

AFP, iwwersat vun RTL
Am Westjordanland hunn israeelesch Siidler Journaliste vun der Noriichtenagence AFP ugegraff, wéi dës iwwer eng Ausernanersetzung tëscht israeeleschen Aktivisten a Siidler berichte wollten.
Im Westjordanland haben israelische Siedler Journalisten der Nachrichtenagentur AFP angegriffen, als diese über einen Zusammenstoß zwischen israelischen Aktivisten und Siedlern berichten wollten.
© AFP

D'Ekipp vun dräi Leit war zu Dschannatah bei Bethlehem, wou lénksgeriicht Aktivisten op engem Solidaritéitsbesuch bei Palästinenser waren, déi vu Siidler ugegraff goufen,

Dobäi koum et zu enger Ausernanersetzung tëscht Siidler an Aktivisten, wouropshin déi israeelesch Arméi d'Journalisten ugewisen huet, dat "militärescht Spärgebitt" ze verloossen. An deem Moment sinn zwee Autoen ukomm, an deene Siidler souzen. D'Siidler, vill vun hinne Kanner, hu mat Steng op d'Aktivisten an d'Reporter geschoss. Een AFP-Journalist konnt engem Steen auswäichen, gouf doropshin awer vun engem Kand mat engem Bengel um Kënn getraff, wouropshin hie geblutt huet.

Wéi d'Journaliste bei hir Gefierer zréckkoumen, hu dës beschiedegt virfonnt. D'Scheiwe waren ageschloen an d'Pneuen zerstach. Fënnef Leit goufen nom Virfall mat Blessure behandelt, mellt de Palästinensesche Rouden Hallefmound. Den AFP-Journalisten no gouf op d'mannst een israeeleschen Aktivist an engem palästinensesche Rettungswon ewechgefouert.

Am Westjordanland, dat zanter 1967 vun Israel besat ass, liewen dräi Millioune Palästinenser a méi wéi 500.000 israeelesch Siidler, där hir Siidlungen dem internationale Recht no illegal sinn. Ënner dem Regierungschef Benjamin Netanjahu huet Israel de Siidlungsbau am Westjordanland staark virugedriwwen. D'Gewalt vun israeelesche Siidler géint Palästinenser huet zanter der Attack vun der radikalislamescher Hamas op Israel de 7. Oktober 2023 erhieflech zougeholl.

Back to Top
CIM LOGO