Presentatioun vum "Cybercab"Tesla bréngt Taxi ouni Steierrad a Pedallen op de Marché

AFP, iwwersat vun RTL
Den Autosconstructeur Tesla huet en Donneschdeg zu Austin de "Cybercab" virgestallt.
Cybercab: Tesla bréngt Taxi ouni Steierrad a Pedallen op de Marché
Mam Robotertaxi wëll Tesla den Entreprisë Waymo an Uber Konkurrenz maachen.

Mam Robotertaxi wëll Tesla den Entreprisë Waymo an Uber Konkurrenz maachen. Waymo an Uber bidde scho sëllegen Taxien an den USA un, déi selwer fueren. Den Tesla-Chef Elon Musk huet op X eng KI-Foto vun engem risege Cybercab publizéiert, dee matten an enger Stëbswollek iwwer déi texanesch Stad Austin fiert.

De Musk huet eng "Well u Cybercabs" zu Austin ugekënnegt. Wéi d'Zeitung "Austin American-Statesman" mellt, konnten d'Participantë vum Event en Donneschdeg als Éischt an den Taxien ouni Chauffer matfueren. Dës sollen dann och vun e Freideg u scho fir de Public accessibel sinn.

Den Tesla-Cybercab den 3. September 2026 am Zentrum vun Austin am US-Bundesstaat Texas.
Den Tesla-Cybercab den 3. September 2026 am Zentrum vun Austin am US-Bundesstaat Texas.
© AFP

De gëllene Cybercab soll Plaz fir zwee Passagéier bidden. Tesla hänkt bei der Technologie e bëssen hannendran. D'Google-Duechter Waymo bitt zesumme mat Uber schonn an 11 Stied an den USA Taxien un, déi selwer fueren. Dorënner San Francisco a Los Angeles. Tesla bis well nëmmen an Texas.

Eng Rei US-Bundesstaate schreiwe vir, datt an den Autoen e Mënsch muss sëtzen, deen oppasse kann, fir bei Besoin d'Kontroll z'iwwerhuelen. Autoen ouni Steierrad a Pedalle sinn do tabu.

Back to Top
CIM LOGO