HandelssträitKanadesch Taxen op US-Produiten trieden a Kraaft

AFP, iwwersat vun RTL
Vun den neie kanadeschen Importtaxen sinn US-Wueren an engem Wäert vu ronn 20 Milliarden US-Dollar betraff.
E Camion fiert iwwer d'"Howe International Bridge", déi dat kanadescht Windsor mam amerikaneschen Detroit verbënnt.
E Camion fiert iwwer d'"Howe International Bridge", déi dat kanadescht Windsor mam amerikaneschen Detroit verbënnt.
© JEFF KOWALSKY/AFP

D'Zeréckschrauwe vun den ekonomesche Relatioune mat den USA hätt e Käschtepunkt, ma déi laangfristeg Virdeeler wiere kloer. Dat sot de kanadesche Premierminister Mark Carney en Dënschdeg, wéi d'kanadesch Stroftaxen op eng Rei amerikanesch Produiten a Kraaft getruede sinn. Et ass den aktuellste Schratt an engem Handelssträit tëscht den zwee nordamerikaneschen Noperen.

Vun den neie kanadeschen Importtaxen sinn US-Wueren an engem Wäert vu ronn 20 Milliarden US-Dollar betraff, dorënner, Stol an Aluminium an och landwirtschaftlech Produiten. Kanada hätt alles, wat néideg wier, fir sech wirtschaftlech ëmzeorientéieren an ekonomesch ze bléien, sou de Premier Carney en Dënschdeg. D'Ëmorientéieren hätt e Käschtepunkt, ma all Handlung hätt e Käschtepunkt an dee wier ëmmer manner héich ewéi dee vum Näischtmaachen, sou de Regierungschef.

Déi kanadesch Importtaxe sinn eng Reaktioun op US-Importtaxen op kanadesch Produiten. D'US-Regierung huet dës wéinst dem, wéi et vu Washington heescht, diskriminatoresche Virgoe vu Kanada géint d'US Alkohol-, Automobil- a Mëllech-Secteuren erlooss.

Back to Top
CIM LOGO