
Déi amerikanesch Regierung huet elo d'Autorisatioun gi fir d'Iwwernam vum Hollywood-Schwéiergewiicht Warner Brother duerch de Konkurrent, de Filmproduzent Paramount an dat ganzt ouni weider Oplagen.
De Justizministère koum nämlech zur Conclusioun, dass dësen Zesummeschloss weder der Kompetitivitéit, nach de Verbraucher géing schueden. Dat weder am klasseschen Tëlee-, Film- oder am Streaming-Business.
Hannert Paramount steet d'Famill vum Milliardär Larry Ellisonm, deen als Supporter vum Donald Trump bekannt ass. Dësen Deal huet een Ëmfang vu ronn 111 Milliarden US-Dollar.