BrasilienMSF mécht Campagne fir neit Medikament géint HIV-Virus

Claudia Kollwelter
Aktuell ass a Brasilien déi 26. international Konferenz iwwer HIV. E grousst Thema ass do och en neit villverspriechend Medikament.
© Luiz Santanna/MSF

Wéinst dem Präis, de Patent-Rechter an dem ëmstriddene weltwäiten Zougang goufen et en Dënschdeg Protester zu Rio de Janeiro an och Médecins sans frontières huet eng Campagne mam Titel "Two Shots. $40. Everywhere." lancéiert.

Vun enger Revolutioun ass riets, wann iwwert d'Medikament "Lenacapavir" geschwat gëtt. Engersäits well een, fir sech virum HIV-Virus ze schützen, net méi all Dag eng Pëll muss huelen, mee zweemol d'Joer eng Sprëtz kritt. Den Dr. Vic Arendt, Infektiolog a Member vum CA vun MSF Lëtzebuerg:

Dann huet en eng Pharmacosynétique, déi mécht, dass een eng Kéier sprëtzt an dat Medikament gëtt da progressiv fräigesat a bleift sechs Méint laang op engem effikassen Niveau am Kierper, wat jo och schonn zimmlech spektakulär ass. An dann déi drëtt grouss Saach ass, en ass aktiv op multiresistent Viren.

© Luiz Santanna/MSF

MSF ass zanter 30 Joer aktiv am HIV-Domaine. 1999 gouf d'Access-Camapagne lancéiert, mat där MSF sech dofir agesat huet, datt Medikamenter weltwäit bezuelbar an disponibel sinn:

Déi huet am Fong geholl gemaach, dass déi Firma, déi d'Medikament entwéckelt huet, anere Firmen, déi Generiquen, also Produits blancs-Versioune vun hirem Medikament, produzéieren, d'Rechter ginn huet, déi ze produzéieren an op de Maart ze setzen a Länner, déi net de volle Präis kënne bezuelen, wéi mir en hei an Europa oder an Nordamerika bezuelen.

MSF kritiséiert am Fall vum neie Medikament, datt de Produzent "Gilead" zwar Accorden huet mat verschiddene Länner, fir e Generique fir déi äermste Länner kënnen ze produzéieren, mee:

Do, wou den Hoken ass, dass dat net Middle-income countries concernéiert, dat heescht, Länner wéi Brasilien, Argentinien, Algerien, Libanon, Albanien, eng Rëtsch aner Länner, wou et wuel Leit ginn, déi sech d'Medikament kéinte bezuelen, mee wou de System de santé net staark genuch ass, fir der ganzer Populatioun, déi de Besoin huet, d'Medikament ze bezuelen.

Besonnesch problematesch wier och datt en Deel vun de Länner, déi bei de Studie matgemaach hunn, keen Zougang zum Medikament hunn:

Eng ethesch Reegel ass et fir eng Firma, déi e Medikament entwéckelt, wou se Studien a Länner an op d'Populatioune mécht, dass se dann och an deene Länner an op deene Populatiounen, dass déi herno en Accès op hiert Medikament hunn, wann et da weist, dass et effikass ass an dass et op de Maart ka kommen.

Aktuell läit de Präis an den USA fir déi 2 Sprëtze bei 28.000 Dollar d'Joer. D'Produktiounskäschten allerdéngs ënner 100 Dollar d'Joer. Dofir d'kloer Fuerderung vun ënnert anerem Médecins sans frontières vun engem méi niddregen a faire Präis.

Back to Top
CIM LOGO