Däitschland Scho ronn 14.000 hëtztbedéngt Doudesfäll dëse Summer

AFP, iwwersat vun RTL
Eleng 9.600 Leit sinn dem RKI no tëscht dem 22. an dem 28. Juni am Zesummenhang mat der Hëtzt gestuerwen. Et koum zu Rekordtemperature vun iwwer 41 Grad op verschidde Plazen.
© JENS BUTTNER/dpa Picture-Alliance via AFP

An Däitschland sinn dëse Summer schätzungsweis scho ronn 14.000 Leit am Zesummenhang mat der Hëtzt ëm d'Liewe komm. Am dackste waren dobäi Leit iwwer 75 Joer betraff, wéi et aus dem Wocherapport vum Robert-Koch-Institut (RKI) ervirgeet.

Eleng 9.600 vun de 14.000 Leit sinn dem RKI no dëst Joer an der 26. Kalennerwoch, also tëscht dem 22. an dem 28. Juni, gestuerwen. Rekordtemperature vun iwwer 41 Grad waren deen Ament op verschidde Plaze ginn. A kengem vun de leschten zéng Joer gouf et esou vill Doudesfäll, déi hëtztbedéngt waren, wéi dëst Joer. De leschten Héchstwäert louch 2018 bei geschaten 8.900 Doudegen.

D'Ausmooss vun hëtztbedéngten Doudesfäll gëtt mat statistesche Methoden duerch de Verglach vun der Zuel vu Stierffäll a Summerwoche mat an ouni Hëtzt modelléiert. Dat ass néideg, well Hëtzt op Doudeschäiner net als Doudesursaach notéiert ka ginn an entspriechend och net an der Statistik vun den Doudesursaachen opdaucht.

Hëtzt féiert nëmmen a seelene Fäll direkt zum Doud, esou zum Beispill duerch en Hëtzschlag. An de meeschte Fäll ass et eng Kombinatioun aus héijen Temperaturen a Virerkrankunge wéi zum Beispill Häerzkreeslafproblemer, Longen- oder Nierekrankheeten, déi zum Doud gefouert hunn. Aus deem Grond gëtt vun hëtztbedéngten Doudesfäll geschwat.

Hëtztperiode féieren an Däitschland reegelméisseg zu enger Hausse vun der Stierflechkeet. Den RKI verëffentlecht tëscht Juni a September all Woch e Rapport iwwer déi aktuell Situatioun. Parallel verëffentlecht och d'Statistescht Bundesamt Donnéeën zu der hëtztbedéngter Stierflechkeet. Datt d'Zuelen eréischt méi spéit an der Statistik opdauchen, läit dem RKI no un de Mortalitéitszuelen aus de Bundeslänner, déi eréischt mat fënnef Woche Retard gemellt ginn.

Back to Top
CIM LOGO