
Scho vun dëser Woch u wëll Südkorea en éischt Containerschëff duerch d'Arktis schécken. Geplangt wier, dass d'"Panstar Acro" vun der Reederei PanStar Line Dot Com e Samschdeg den Owend vu Busan aus start, sou e Spriecher vum südkoreanesche Mieres- a Fëschereiministère en Donneschdeg géintiwwer der Noriichtenagence AFP. Den Zäitplang kéint sech jee no Wiederkonditiounen nach änneren.
D'Containerschëff soll iwwer d'Arktis Direktioun Felixstowe a Groussbritannien, Rotterdam an Holland an Danzeg a Polen fueren; a vun do nees zeréck. Déi komplett Rees soll ronn 45 Deeg daueren. Et wier en Test, ob et iwwerhaapt rentabel wier, duerch geschmolten Äis ze fueren. Déi normal Streck verleeft duerch de Suezkanal an d'Mëttelmier. Eng Faart duerch d'Arktis kann d'Rees dem Korea Institute for International Economic Policy no ëm 7.000 Kilometer a ronn 10 Deeg verkierzen.
Dat weltwäit éischt Containerschëff ass 2018 duerch d'Arktis gefuer. D'Containerschëff "Dubai Tower" war vun Ningbo am Oste vu China aus an Europa duerch d'Arktis gereest.
Ëmweltschützer hunn allerdéngs Bedenken. Si ginn dovun aus, dass méi Schëffsverkéier d'Äis vun der Arktis nach méi séier schmëlzen deet. Sëllege Reedereie wéi d'däitsch Hapag-Lloyd, d'Schwäizer MSC an d'franséisch CMA CGM hunn dowéinst zougesot, bis op Weideres keng Strecken an der Arktis ze benotzen.