Klimaphenomen El NiñoHonduras rifft fir 80 Prozent vum Land Dréchent-Alarm aus

RTL mat AFP
An 234 vun de 298 Gemengen am Land stierft d'Véi, well Recolten ausfalen duerch d'Dréchent.
Im Zusammenhang mit dem Klimaphänomen El Niño hat die Regierung in Honduras für 80 Prozent des Landes den Dürre-Alarm ausgerufen. 234 der 298 Gemeinden des Landes sind von Ernteausfällen und durch die Trockenheit verursachtes Vieh-Sterben betroffen.
Symbolbild
© AFP

Fir am Ganzen 80 Prozent vum Land huet Honduras en Dréchent-Alarm ausgeruff, well d'Waasserpeegelen ze niddereg sinn, Recolten ausfalen an d'Véi duerch d'Dréchent stierft. Wéi d'Regierung e Mëttwoch erkläert huet, ass d'Versuergungssécherheet vum Land a Gefor. Un der Spëtzt vun de 75 Gebidder, fir déi déi héchst Alarmstuf ausgeruff gouf, steet d'Haaptstad Tegucigalpa mat 1,7 Milliounen Awunner. "D'Kris wäert bis Mäerz oder Abrëll d'nächst Joer daueren", huet den honduranesche President Nasry Asfura betount an annoncéiert, Noutfallmesure wéi d'Buere vun neie Pëtzer, de Bau vun engem neie Waasserreservoir a Liewensmëttelliwwerungen an déi Regiounen, déi am meeschten affektéiert sinn.

De Welternärungsprogramm (WFP) vun de Vereenten Natiounen hat viru kuerzem geschat, dass Zentralamerika mat Länner wéi Honduras am schrooste vum aktuellen El Niño verstäerkt vun Honger betraff wäert sinn. Den UN-Generalsekretär António Guterres huet d'leschte Mount erkläert, El Niño géif Ueleg an d'Feier géisse bei engem Planéit, "dee schonn a Flame steet".

Zousätzlech zu der Äerderwiermung verstäerkt El Niño Problemer wéi Dréchenten. Beim Klimphenomen, deen natierlech optrëtt, erhëtzt sech d'Waasseruewerfläch am ëstlechen an zentrale Pazifik no vum Äquator. Dat huet weltwäit Auswierkungen op d'Loft, de Loftdrock an d'Nidderschléi. An der Suitte klëmmt de Risk vu Wiederextreemer. Üblecherweis trëtt de Phenomen El Niño all 2 bis 7 Joer op an dauert tëscht 9 an 12 Méint.

Back to Top
CIM LOGO