Méiglecherweis op engem Weekend Mëtt Juli geklautPolice sicht no Proprietär vu Goldketten

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun Ermëttlungen huet d'Police eng Goldkette beschlagnaamt, vun där een ausgeet, datt se geklaut gouf.

De Bijou konnt zwar bis ewell kenger konkreeter Strofdot zougeuerdent ginn, ma et bestéing de Verdacht, datt se bei engem Déifstall um Weekend vum 10. bis 12. Juli geklaut gouf. Dat schreift d'Police an hirem Bulletin, déi weider dovunner ausgeet, datt den Déifstall méiglecherweis bis ewell net gemellt gouf.

De Proprietär vun der Ketten, oder Leit, déi wësse kéinten, wiem se gehéiert, solle sech bei der Police judiciare hirem Departement "Répression du Grand Banditisme" mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 60 1110 oder per Mail un spj.rgb@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO