
Dat huet d’CSL an engem Mail u Leit matgedeelt, déi Donnéeë bei hir hunn, zum Beispill well se Formatioune beim Lifelong Learning Center haten. D'CSL huet eng Plainte e Méindeg géint presuméiert Täter bei der Police deposéiert. Op Nofro hin huet eis d’Directrice adjointe vun der CSL Martine Mirkes gesot, datt et sech ëm en externen Agrëff gehandelt hätt. Identifizéiere konnt ee keen.
De Virfall wier de virleschte Sonndeg gewiescht an d’Ekippe vun der CSL hätten den Dag selwer Mesuren ënnerholl. Kontaktdonnéeën ewéi Numm, Email, Telefonsnummer oder Adressen, mee och finanziell Donnéeë kéinten aus de Serveren erausgezu gi sinn. Dës Donnéeë kéinte fir Fraudë benotzt ginn. D’Martine Mirkes sot eis, et wier eng "relativ kleng Quantitéit" un Donnéeë kopéiert ginn, mee trotzdeem wollt ee jiddereen informéieren, well ee potentiell kéint betraff ginn.
D’Chambre des Salariés réit och allgemeng ganz gutt opzepassen, wann ee säi Passwuert oder e Payement géing gefrot ginn. Donieft soll ee säi Passwuert bei der CSL änneren. D’CSL huet de betraffe Leit Kontaktdonnéeë ginn, falls et Froe géing ginn.