CGDIS mellt véier BlesséierterZwee Accidenter mat Motorrieder, ee Mol Auto géint Mauer an ee Vegetatiounsbrand

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsekippe vum CGDIS goufen e Méindeg op dräi Accidenter an ee Vegetatiounsbrand geruff, bei deenen am Ganze véier Leit blesséiert goufen.
© Jeannot Ries

Wéi de CGDIS schreift, wiere géint 13:25 Auer zu Hiefenech Um Haff e Moto an e Bus net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf beim Accident verwonnt a vun den Ambulancieren aus der Fiels versuergt. Donieft waren d'Pompjeeë vun Hiefenech um Asaz.

En Asaz fir d'Rettungsdéngschter vu Wolz a Wanseler gouf et iwwerdeem um 13:30 Auer, wéi en Auto an der Bastnicherstrooss am Pommerlach géint eng Mauer gerannt ass. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Zu Rolleng (Lamadelaine) an der Rue de la Montagne gouf et eng 15 Minutte méi spéit e Vegetatiounsbrand, bei deem och eng Persoun blesséiert gouf. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Péiteng an d'Ambulanciere vum Zenter Suessem-Déifferdeng.

Zu Flatzbuer an der Route de Perlé sinn dann nach en Auto an e Moto anenee gerannt. Och hei gouf et ee Blesséierten, dee vun de Rettungsdéngschter vu Rammerech versuergt gouf.

Op der A1 a Richtung Stad op der Héicht Gréngewald-Kierchbierg hat dann nach e Camion gebrannt. Hei gouf awer keng Persoun blesséiert. Um Asaz, fir d'Feier ze läschen, waren d'Pompjeeë vun Nidderaanwen, Jonglënster an aus der Stad.

Back to Top
CIM LOGO