ZeienopruffAutosfënsteren zu Capellen muttwëlleg zerstéiert

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun zwee Autoen, déi am Mee 2026 zu Capellen beschiedegt goufen, sicht d'Police no Zeienn.
Symbolbild
Symbolbild
© Canva / zmeel

Wéi d'Police matdeelt, goufen e Samschdeg, den 3. Mee 2026, tëscht 9:50 an 12:15 Auer, zwee Autoen op engem Parking an der Rue du Kiem zu Capellen – hannert dem Busarrêt "Police Capellen" – gezielt beschiedegt. Bei béiden Autoe goufen d'Fënstere mat Steng ageschloen a komplett zerstéiert.

D'Police sicht an deem Kader no Zeien, déi eppes gesinn hunn oder soss nëtzlech Informatioune kënne ginn. D'Leit solle sech beim Kommissariat Capellen-Stengefort ënner der Telefonsnummer (+352) 244 30 1000 oder per Email op police.capellensteinfort@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO