
D'Redaktioun vun RTL krut um Méindeg de Moie Fotoe geschéckt, déi e Sonndeg den Owend géint 18 Auer am PallCenter zu Uewerpallen gemaach goufen. Hei konnt een eng Partie eidel Regaler gesinn, virun allem am Uebst- a Geméisrayon.
Séier ass hei e Lien mat sougenannten "Hamsterkeef" gemaach ginn, dat nodeems et jo eng staark Konzentratioun un Damp am Land gouf, dat wéinst dem grousse Bëschbrand an der Belsch. An deem Kontext ware jo och e puer Warn-SMSe vun LU-Alert verschéckt ginn.
Op Nofro bei der Anne van Wetteren vum Akafszenter zu Uewerpallen war et d'Ausso, dass een déi eidel Rayonen elo net op Hamsterkeef kéint zeréckféieren. Et koumen hei e puer aner Facteuren zesummen, déi fir déi grouss Nofro gesuergt hunn.
Éischtens ware wéinst dem Feierdag um Samschdeg eng ganz Partie Butteker an der Ëmgéigend zou. Deemno gouf e Sonndeg ebe méi akaf.
Dobäi kënnt, dass eng ganz Partie Belsch de Weekend aus der Vakanz komm sinn, well d'Schoul do geschwënn nees lassgeet. Déi hunn dann och dovunner profitéiert, dass zu Uewerpallen de Buttek nach bis e Sonndeg den Owend 19 Auer op war.
Esou änlech kënnt dat Joer fir Joer vir, wann d'Belsch um Heemwee nach emol zu Lëtzebuerg akafen, och wann dëst Joer d'Regaler dach méi eidel ware wéi aner Joren.
Et huet een op Säite vum Akafszenter dann och reagéiert a beim Fournisseur nogefrot, an Zukunft och um Weekend nach emol nobeliwwert ze ginn, wann nees eng gréisser Nofro do ass.