Summerserie "Tëscht Preventioun an Urgence" - Deel 6Am Fraenhaus Marga "gëtt ee wouer geholl. Et fillt ee sech, dass een existéiert."

Monica Camposeo
Viru bal zwee Joer huet am Neiduerf an der Stad d'Fraenhaus "Marga" vum CNDS fir drogenofhängeg a suchtkrank Fraen opgemaach.

D'Fraenhaus "Marga" ass déi éischt an eenzeg esou Struktur am Land. Fir déi betraffe Fraen net méi ewechzedenken.

"Déi Meedercher, déi heihinner kommen, se konsuméiere vill manner. Well hei kanns du dech och ausrouen, du kanns schlofen. Wann s du dobaussen op der Strooss bass, du schléifs net. Do schléifs de heiansdo op Saachen an da gëss de beklaut. Et si Meedercher, déi sinn och scho sexuell belästegt ginn, dat bleift natierlech am Kapp. An hei hues de eng Sécherheet. Du weess, hei kanns de hikommen a wann s de déif aschléifs, et geschitt dir näischt. An dat ass extrem wichteg."

De ganze Sujet kënnt Dir Iech och hei ulauschteren.

D'Natascha sëtzt fir den Interview an der Stuff vum Fraenhaus um Canapé. Nieft hir den Henri, den Hond vun enger Mataarbechterin, ausgebilt als Therapiehond. D'Natascha ass eng selbstbewosst jonk Fra, 24 Joer, Mamm vun engem klenge Jong. E sympathescht Laachen am Gesiicht. Dat war awer net ëmmer esou, erzielt si. Wéi si fir d'éischte Kéier heihinner komm ass, huet si op der Strooss gelieft. Zanterhier huet sech vill verännert, haut waart si fir an d'Therapie kënnen ze goen. Si konsuméiert net méi an huet och antëscht eng eege Wunneng.

"Ech kommen am Fong just heihinner, well ech gäre mat hinne schwätzen, si ënnerhale mech gutt. An et ass awer en Deel vu mir, si hu mech awer an där schwéierster Zäit, déi ech hat, begleet."

Eng sécher Plaz, déi sech ufillt wéi en Doheem, dat ass déi éischt Iddi hannert dem "Marga". Moies um 7.15 Auer mécht d'Fraenhaus op. D'Frae kommen dann entweder aus dem Nuetsfoyer vum Abrigado zu Bouneweg heihinner, wou drogenofhängeg Fraen a Männer iwwernuechte kënnen oder si kommen no hirer Aarbecht op der Strooss, fir dann endlech kënnen ze schlofen. De "Marga" fonctionéiert nom Motto, alles kann, näischt muss.

"Hei kënne si nees e ganz normaalt Liewe kenneléieren", esou d'Coordinatrice Christine Seiwert. "Si kënne sech och selwer eppes, ze iesse maachen, mir hu Liewensmëttel hei a si kënne sech eppes kachen". Dat wier dat Schéinst, dass d'Fraen, déi op der Strooss liewen, heihinner kënne kommen an e ganz normalen Alldag fannen.

"Et dierf een net jiddereen an een Dëppe geheien. Et ginn der och, déi wierklech wëllen aus der Schäiss erauskommen."

D'Christine Seiwert schafft scho 4 Joer laang an der Drogenhëllef a koordinéiert de "Marga" zanter der Ouverture am Dezember 2024. Ronn 40 Frae waren zanterhier méi oder wéineger reegelméisseg hei. De Rekord u Fraen, déi op engem Dag komm sinn, läit bei 7. An do war d'Kiche gutt voll, esou d'Coordinatrice. Och op dësem Dag ass mat zwou Clientë schonn eng gutt Stëmmung. Et gëtt gekacht, Kaffi gedronk a geschwat. Nieft dem Natascha ass nach eng aner Stammcliente do, déi hiren Numm awer net wëll genannt hunn: "Dat hei huet mir erëm Kraaft ginn, fir erëm aktiv ze sichen, fir erëm eng Wunneng ze hunn an erëm eng Aarbecht ze fannen." Einfach well am Fraefoyer am Neiduerf Rou ass, net ewéi op der Strooss. Hei géing een ënnerstëtzt ginn, wann een dat wëll. "Natierlech gëtt och vill profitéiert dovunner, mee et dierf een net jiddereen an een Dëppe geheien. Et ginn der och, déi wierklech wëllen aus der Schäiss erauskommen."

D'Erfarungen zanter der Ouverture weisen, dass just mat der néideger Zäit a Bezéiungsaarbecht kleng, mee och grouss Erfollegsmomenter geléngen, esou d'Infirmière Lena Toepler. Am "Marga" géing mam Prinzip vum Akzeptéiere geschafft ginn. "Et akzeptéiert ee mol de Wee erof, mee et ass schéin ze gesinn, wann et de Bierg erëm eropgeet."

Besonnesch de Standuert vum "Marga", also am Neiduerf an der Stad, géing eng wichteg Roll spillen, ënnersträicht d'Coordinatrice Christine Seiwert, well hei keen Dealer virun der Dier steet an de Frae géing versichen, Drogen unzedréinen.

D'Profiller vun de Frae si ganz ënnerschiddlech, déi eelste Cliente ass iwwer 70 Joer al. Och wat d'Clienten am Fraenhaus sichen, géing variéieren. Sief et eng Wäsch maachen, schlofen, duschen oder no enger Aarbecht sichen. Offiziell ass de "Marga" en Drogekonsumraum, dat stéing awer net méi sou am Fokus. "D'Frae kënnen hei Droge consomméieren, intravenéis esou wéi och fëmmen. Mee dat ass net méi d'Prioritéit. Also wa mer déi intravenéis Virgäng an de leschten annerhallef Joer kucken, da sinn et der wann iwwerhaapt 25 bis 30", esou d'Christine Seiwert. Vill méi ass opgefall, dass och nuets de Besoin do wier, fir opzemaachen. D'Fraenhaus huet nämlech de ganze Moie bis am fréien Nomëtteg op, méi genee vu 7.15 Auer bis 14:45 Auer. Vum éischten Dag u wier vun de Clienten d'Fro komm, wéini och nuets géing opgemaach ginn. "Dat läit un der Politik, ze kucken, wéi sënnvoll a wéi machbar dat ass. Et wier schéin, wann eng Ouverture an der Nuecht deemnächst méiglech wier", seet d'Coordinatrice vun der Struktur. Vu Säite vum Santésministère heescht et op RTL-Nofro schrëftlech, dass d'Servicer am Beräich vun der Drogenhëllef allgemeng kontinuéierlech evaluéiert an ugepasst ginn. Weider heescht et an der Äntwert: "Eng Nuetsouverture kéint an Zukunft eng weider Upassung un déi sech stänneg verännerend Besoinen duerstellen. Aktuell ass eng esou Mesure allerdéngs net virgesinn."

Fir suchtkrank Frae bleift de "Marga" aktuell mol am Dag eng wichteg Ulafstell, een éischte Schrëtt erof vun der Strooss. "Hei gëtt ee wouergeholl. Et fillt ee sech, dass een existéiert an dat ass de Grond, wisou ech nach ëmmer heihinner kommen", dat seet d'Natascha um Enn vun eisem Interview. Si wier dem Personal aus dem "Marga" fir villes dankbar. "Um Enn vum Zil steet mäi klenge Jong, deen op mech waart."

Back to Top
CIM LOGO