
Wéi kann een déi schwiereg Situatioun um Lëtzebuerger Logementsmarché an de Grëff kréien? Déi Fro stellt ee sech ënnert anerem bei der Fondatioun Idea. Op enger Pressekonferenz goufen zwar keng Wonnerléisunge presentéiert, mee e puer Instrumenter, déi déi aktuell Politik an deem Beräich ergänze kéinten.
Et kéint een am Fong net vun enger Logementskris zu Lëtzebuerg schwätzen, well eng Kris wier zäitlech begrenzt, am Grand-Duché géing een d'Situatioun um Wunnengsmarché awer schonn zanter Joerzéngten diskutéieren, esou de Michel-Edouard Ruben, Ekonomist bei der Fondatioun Idea. Fir dat op d'mannst zum Deel ze änneren, huet hie 6 grouss Pisten opgezielt. Eng dovunner ass et, d'Demande effective an d'Luucht ze setzen. Konkret bedeit dat, datt Locatiounswunnenge fir Salariéen duerch eng nei Cotisatioun finanzéiert sollte ginn:
"On devrait, on pourrait au Luxembourg mettre en place une cotisation logement de 0,5 pour cent sur les revenus professionnels par exemple, sur les salaires pour parler encore un peu plus trivialement, mais pas que, aussi les honoraires de médecin, les revenus des indépendents etc., c'est pour ça que je parle de revenus professionnels. 0,5 pour cent sur cette masse là, ça fait qu'on lève, et ce serait évidemment chaque année, cela fait qu'on lève chaque année quelque chose comme 250 millions d'euros." Juristesch wier esou eng Mesure liicht ëmzesetzen, wärend de politesche Géigewand zwar wuel ze spieren, mee nach ze packe wier.
Een anere Punkt, wou een usetze kéint, wier bei de Gemengen. Dacks kriten déi reprochéiert, beim Logement op der Brems ze stoen, ma och wann et eng gewëssen Autonomie communale géing ginn, géinge se als Verwaltungsunitéiten trotzdeem um Enn dem Staat ënnerstoen. De Michel-Edouard Ruben proposéiert dofir een neie Pacte logement:
"En leur disant, écoutez, dans le contrat, vous avez l'obligation, non pas qu'un certain nombre de logements soit produit sur votre territoire, parce que c'est quelque chose difficile à piloter, mais vous avez l'obligation de mettre en branle la très grande série de réglementations dont vous disposez, qui pourraient précipiter la viabilisation de terrains et que vous n'utilisez pas."
Mat Bléck op d'Locatioun ass et d'Propose, datt de Proprietär de Loyer weider fräi soll kënne festleeën, allerdéngs sollte spéider Erhéijunge ganz kloer reglementéiert ginn. Et kéint zum Beispill festgeluecht ginn, datt de Loyer nëmmen all 2 Joer héchstens ëm ee bestëmmte Prozentsaz an d'Luucht gesat dierf ginn.