De Weekend kann ee scho gutt Affäre maachenD'Stater Braderie geet e Méindeg an hir 97. Editioun

Claudia Kollwelter
E Méindeg ass déi 97. Editioun vun der Stater Braderie. 192 Stänn verdeelt op 4.500 Meter tëscht der Uewerstad an der Gare zielt d’Braderie dëst Joer.
© RTL-Archiv

E Mëttwoch de Moie goufen op enger Pressekonferenz vun der Union Commerciale zesumme mat der Stad Lëtzebuerg eng Rei Detailer zu der Braderie d'nächst Woch genannt. Et wier net just Méindes d’Geleeënheet fir d’Leit, gutt Affären ze maachen - scho vu Samschdes u kann een an der Stad bradéieren. Sonndes ass iwwerdeems och e grousse Vide-Grenier an der Avenue de la Gare.

Et ass awer just Méindes, um Haaptdag, wou och de ganze Perimeter ofgespaart gëtt. Et rechent ee mat ronn 150.000 Leit fir déi 97. Editioun vun der Braderie. Nei ass dëst Joer, datt d’Braderie net op Fouerméindeg fält. Dee war jo dëse Méindeg, 31. August. Eng Braderie am August wier den Organisateuren no awer net glécklech gewiescht well nach vill Leit an der Vakanz sinn.

© Claudia Kollwelter

Back to Top
CIM LOGO