Plus vun iwwer 50% géigeniwwer 2019Knapp 333.000 Camping-Touristen zejoert zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Vakanz um Camping ass weider beléift, sief et am Zelt, mat Camper oder Caravane. Dat weisen déi knapp 333.000 Arrivéeë vun Touristen, déi zejoert eist Land besicht hunn an op Campinge geschlof hunn.
Campingwon (Symbolbild)

Dat ass e Plus vun iwwer 50% par Rapport zu 2019, éier et duerno duerch d'Corona-Restriktiounen en Abroch an de Chiffere gouf.

De Camping-Secteur huet sech nees gutt erholl zanterhier: sou goufen op de Lëtzebuerger Camping-Sitten zejoert ronn 1,3 Milliounen Iwwernuechtunge gezielt, wat en Drëttel méi ass, wéi 2019. Dat schwätzt fir d'Attraktivitéit vun de Lëtzebuerger Campingen, déi keen Nische-Secteur méi sinn, mee e Wuesstemsmoteur fir d'Tourismus-Branche.

Sou huet et och de Wirtschafts- an Tourismusminister Lex Delles gesinn, deen dëser Deeg de Salon CARAVAN zu Düsseldorf besicht huet - eng Foire, déi all Joer iwwer 260.000 Visiteuren unzitt a wou och Lëtzebuerg mat engem Pavillon vertruede war. Den Akzent louch do um Potential vun der Vakanzendestinatioun Lëtzebuerg an de Secteuren Trëppelen, Cyclissem, Camping a Caravaning.

Liest hei de Communiqué vum Wirtschaftsministère

Back to Top
CIM LOGO