
Derbäi kéim, datt d'Ministesch wësse gedoen hätt, datt si bei enger Reunioun vun der Kontrollkommissioun iwwer d'Aarbechtszäit an der Arméi net derbäi wäert sinn, sou wéi et eigentlech engem Accord vun 2019 no virgesi wär.
De Spal hat och Mëtt Februar Informatioune gefrot, fir déi Reunioun ze preparéieren, mä et wiere keng Äntwerten aus der Defense komm. Dofir hätt een decidéiert, déi Reunioun z'annuléieren.
De Spal schreift, et hätt ee keng Loscht op en "Exercice de façade", ouni seriöen a konstruktiven Echange.