
De Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte mellt, datt et op der Internetsäit mconcept.lu zu engem Cyberugrëff komm ass. De Virfall gouf den 3. August entdeckt a konnt séier ënner Kontroll bruecht ginn.
Den Analysen no huet eng onerlaabt Persoun et fäerdeg bruecht, sech e falschen Administratorkonto unzeleeën. D'Sécherheetslück gouf fonnt an direkt zougemaach. Weider onerlaabt Zougrëffer op de System goufen net festgestallt.
Méiglecherweis sinn Donnéeë vu ronn 40 Persounen oder Entreprisë betraff. Et handelt sech dobäi nëmme ëm berufflech Kontaktdonnéeën, déi iwwer de Kontaktformular vun der Säit agespäichert goufen.
Bis elo gëtt et keng Hiweiser, datt dës Donnéeë geklaut, gekuckt oder mëssbraucht goufen. Aus Virsiicht behandelt de Ministère de Fall awer als eng méiglech Datepann a respektéiert domat och d'Reegele vum Dateschutz (RGPD).
Déi gefälschte Konten an déi schiedlech Elementer goufen ewechgeholl. D'Websäit ass gebotzt ginn a funktionéiert nees normal. Op d'Servicer fir d'Bierger hat de Virfall keen Afloss.
Déi Persounen an Entreprisen, déi eventuell betraff sinn, goufen informéiert. Och d'CNPD gouf bannent de virgeschriwwene Fristen iwwer de Virfall a Kenntnis gesat.
De Risiko fir déi betraffe Leit gëtt aktuell als éischter kleng agestuuft, well et nëmmen ëm eng limitéiert Zuel vu beruffleche Kontaktdonnéeë geet a bis elo kee Mëssbrauch festgestallt gouf.
De Ministère betount, datt en och weiderhi grousse Wäert op d'Sécherheet vu senge Computersystemer an op de Schutz vun den Donnéeë leet.