
An der Nuecht op e Freideg krut d'Police am Val Fleuri zu Waasserbëlleg zwou Persoune gemellt kritt, déi un Autoen, déi un der Strooss stoungen, geklenscht hunn. Kuerz drop gouf och gemellt, datt e puer Ween duerchwullt gi waren. Eng Patrull, déi op d'Plaz geschéckt gouf, konnt dräi Verdächteger op der Haaptstrooss stellen. Bei enger Iwwerpréiwung koum eraus, datt si scho mat änleche Doten a Verbindung kéinte stoen. Bei de Verdächtege gouf ënner anerem en Autosschlëssel saiséiert. Hir Date goufe festgehalen an e Protokoll gouf erstallt.
E fréien Donneschdeg de Moien gouf der Police gemellt, datt Abriecher zu deem Zäitpunkt an engem Geschäft an der Rue Auguste Charles zu Bouneweg wieren. Den Informatiounen no hate se eng Fënster hannert dem Gebai ageschloen, fir eranzekommen. Si hätten och Géigestänn aus dem Buttek geklaut. Wéi eng Patrull op d'Plaz koum, hu verschidde Verdächteger probéiert, fortzelafen. Am ganze konnten awer fënnef Persounen no enger kuerzer Poursuitte nach an der Géigend vun der Dot gestallt ginn. Wärend der Flucht hate si verschidde Géigestänn ewechgehäit, déi awer séchergestallt konnte ginn. Bei hinne goufen och Handyen a Boergeld fonnt. De Parquet huet déi fënnef Verdächteg verhafte gelooss a si koumen nach de selwechten Dag virun den Untersuchungsriichter.
Da mellt d'Police nach verschidden Onéierlecher, déi Saache geklaut hunn oder klaue wollten. Am Garer Quartier an der Stad zum Beispill hat d'Besëtzerin vun engem Auto en Donneschdeg e Mann gesinn, deen eng Akafstut bei sech hat, déi ausgesinn huet wéi hir eegen, déi si an hirem Auto hat. Wéi si de Mann an deem säi Begleeder drop ugeschwat huet, hunn dës hir d'Tut zeréckginn a si fortgelaf. Déi alarméiert Beamte konnten déi Verdächteg awer net erëmfannen. Zu Recken op der Mess waren Abriecher an en Haus agedrongen an haten dëst duerchwullt. Hei goufen Ermëttlungen ageleet.
Och duerften déi lescht Nuecht op d'mannst zwou Persounen am Passagearrest schlofen. En éischte Mann gouf en Donneschdeg géint 18.50 Auer op der Gare zu Dikrech der Police gemellt. Dësen huet hei randaléiert an ass, duerch säi héijen Alkoholpeegel, no un vun de Schinnen "getorkelt", wéi d'Police schreift. D'Patrull, déi op d'Plaz koum, huet de Mann wéinst sengem Zoustand matgeholl an hie koum fir nees eniichter ze ginn an eng Arrestzell.
Net bei de Schinne mat matten op der Strooss war géint 21.20 Auer en Donneschdeg e Mann an er Escher Strooss zu Gaasperech ënnerwee. Och dësen hat däitlech ze vill gedronk. De Mann war dann och nach géintiwwer de Beamten onkooperativ, esou datt och hien d'Nuecht um Policebüro matgeholl huet.