Trauerfeier zu OsloGrand-Duc Guillaume, Grande-Duchesse Stéphanie a Grand-Duc Henri bei Begriefnis vum Kinnek Harald V. dobäi

RTL Lëtzebuerg
Déi groussherzoglech Famill wäert dem verstuerwenen norweegesche Kinnek Harald V. déi lescht Éier zu Oslo erweisen.
De Sarg vum verstuerwenen norweegesche Kinnek Harald V. an der Kapell zu Oslo.
De Sarg vum verstuerwenen norweegesche Kinnek Harald V. an der Kapell zu Oslo.
© CORNELIUS POPPE/AFP

Den 9. September gëtt de verstuerwenen norweegesche Kinnek Harald V. zu Oslo begruewen. Déi lescht Éier erweisen him och de Grand-Duc Guillaume mat senger Fra a sengem Papp, dem Grand-Duc Henri. Déi groussherzoglech Famill wäert dofir nächste Mëttwoch op Oslo reesen.

Deen Dag sinn dann hei am Land och d'Fändelen um Palais an um Schlass zu Colmer-Bierg op Hallefmast.

Bei der grousser Trauerzeremonie am Dom zu Oslo gi vill Kinnekshaiser aus ganz Europa an aus Japan erwaart. An och Politiker wéi den däitsche Bundespresident Steinmeier.

Back to Top
CIM LOGO