Vill Fäll goufen an de leschte Stonne gemelltD'Police warnt virun Arnaquen an dem sougenannte "Call ID Spoofing"

RTL Lëtzebuerg
Mat dësem sougenannte "Call ID Spoofing" ass et Krimineller méiglech, falsch Uriff ze maachen, dobäi awer d'Nummer, déi ugewise gëtt, ze änneren.
© RTL-Grafik

An de leschte Stonne goufen der Police eng ganz Partie Fäll gemellt, an deene Persoune falsch Uriff kritt hunn, bei deenen an de meeschte Fäll keng Persoun geschwat huet, mä eng Opnam lafe gelooss gouf. Hei kritt een da gesot, dass e Mandat d'Arrêt géint ee géif virleien.

Bei dëser Zorte Arnaque versiche Krimineller an der Reegel, un perséinlech Informatiounen oder d'Bankdaten ze kommen. Affer géifen och dozou verleet ginn, Iwwerweisungen ze maachen oder Wäertgéigestänn ofzeginn.

D'Police betount an engem Schreiwes ganz kloer, dass sou Opfuerderungen weder den Normalfall bei der Police, nach bei der Justiz oder soss ëffentlech Acteure sinn.

Déi Onéierlech, déi hei um Wierk sinn, géifen dann och e sougenannte "Call ID Spoofing" asetzen, dat et erméiglecht, dass falsch Telefonsnummeren ugewise ginn. Doduerch mengen d'Affer, dass se vun enger Lëtzebuerger Nummer oder enger offizieller Agence zu Lëtzebuerg ugeruff kréien, wat allerdéngs net de Fall ass.

Fir z'evitéieren, dass ee selwer Affer vu sou falschen Uriff gëtt, sollt ee sech wa méiglech un eng Partie Rotschléi halen:

  • Nimools perséinlech Informatiounen oder Daten un Onbekannter weiderginn
  • Mësstrauesch bei Uriff sinn, déi een opfuerderen séier ze handelen
  • Am Zweiwel soll ee sech iwwert den übleche Wee bei de betreffenden Agence mellen, fir ze préiwen, ob et sech ëm Bedruch handelt
  • Nimools op Fuerderungen agoen an och net versichen, op d'Nummer zeréckzeruffen, ma direkt anhänken

Virun allem eeler Persounen, déi een am Ëmkrees huet an déi méi dacks op esou Maschen erafalen, sollen informéiert an opgekläert ginn.

Sollt e Schued duerch esou en Uruff entstane sinn, soll ee sech bei der Police mellen. Weider Detailer an Infoe ginn et hei!

Back to Top
CIM LOGO