PoliceDrogendealer zu Ettelbréck festgeholl
Wéi d'Police en Dënschdeg mellt, gouf den 11. Januar en Dealer zu Ettelbréck op frëscher Dot erwëscht, wéi hie Kokain verkafe wollt.
Verëffentlecht: 12.01.21 16:48, Update: 11.12.25 15:30
Bei der spéiderer Perquisitioun goufe 14 Bulle Kokain, Boergeld an en Auto sécher gestallt. Op Uerder vum Parquet Dikrech goufe den Drogendealer festgeholl a koum den Dag drop viurn den Untersuchungsriichter.