En vue vun der nächster CaniculeStaat ass bereet, Suen an de Grapp ze huele fir Spideeler an Altersheemer

RTL Lëtzebuerg
D'Spideeler kënnen Demandë fir eng finanziell Ënnerstëtzung vum Staat froen, fir hir Infrastrukture besser op zukünfteg Caniculle virzebereeden.
Spideeler an Altersheemer solle besser op grouss Hëtzt preparéiert ginn
© Chris Meisch

Dat geet aus der Äntwert op der Ministesch fir Gesondheet a Sécurité sociale Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP ervir. D'CSV-Ministesch hat no der décker Hëtzt am Juni scho relativ fréi zouginn, datt d'Haiser bis elo net op därmoossen héich Temperature virbereet waren. Si hat dunn och och schonn am RTL-Interview erkläert, datt kuerzfristeg mobil Klimaanlage beschaaft goufen. Mëttel- bis laangfristeg géif een awer op de Wee vu richtege Klimatisatiounsanlage goen.

All Spidol gouf elo domadder chargéiert, fir eng déif gräifend Bestandsopnam ze maachen a méiglech Besoinen ze definéieren, fir besser mat hire Patienten an dem Personal duerch déi nächst Hëtzt ze kommen. Op Basis vun där Analys solle se dann hir Demandë fir e Subside formuléieren, sou d'Ministesch an hirer schrëftlecher Äntwert. De Staat kéint dës Moderniséierungsprojeten duerch den existente Fong fir de Finanzement vun de Spidolsinfrastrukturen ënnerstëtzen, op Basis vum Spidolsgesetz.

De Staat engagéiert sech donieft, fir sech un Transformatiounsprojeten an den Altersheemer ze bedeelegen. Projeten, déi zu méi Wuelbefanne vun de Leit kënne bäidroen, wann et dobaussen nees knuppeg waarm ass. Eng Gréisstenuerdnung, wéi déif de Staat bereet ass an d'Täsch ze gräifen, gëtt een allerdéngs net gewuer.

Hei d'Äntwert op d'parlamentaresch Fro noliesen.

Liest och:

Back to Top
CIM LOGO