Urteel am Fall ëm den Doud vum EmranËnnert anerem 12 Méint Prisong mat Sursis a Geldstrof fir den Haapt-Sculpteur

Michèle Sinner
Déi aner Mataarbechter vun der Stad Lëtzebuerg a vum LCTO goufe fräigesprach.
Urteel am Fall ëm den Doud vum Emran
Ënnert anerem 12 Méint Prisong mat Sursis a Geldstrof fir den Haapt-Sculpteur. Déi aner Mataarbechter vun der Stad Lëtzebuerg a vum LCTO goufe fräigesprach.

12 Méint Prisong mat integralem Sursis a 5.000 Euro Geldstrof gouf et fir den Haapt-Sculpteur, 9 Méint Prisong mat integralem Sursis an 1.500 Euro Geldstrof fir säi Mataarbechter. En Donneschdeg de Mëtten gouf um Stater Geriicht d'Urteel am Prozess ëm den Doud vum klengen Emran geschwat. Dee Bouf, deen 2019 um Chrëschtmaart vun enger Äisskulptur erschloen gi war.

Urteel am Fall ëm den Doud vum Emran - Reportage Michèle Sinner

Den Affekot vum Sculpteur, de Philippe Stroesser, sot nom Urteel: “Je pense que ce qui est choquant pour lui, c'est que lui seul et donc la personne qui travaille avec lui, ont été condamnés. Ce sont les seuls. Sans discuter de la peine, je pense qu'elle va vraisemblablement être acceptée, parce qu'il était en aveu en tout cas.” Si géifen elo mol d’Urteel liesen. “Nous ne sommes pas en mesure de pouvoir challenger, donc véritablement, le volet pénal en ce qui concerne les acquittements. Et ça, ça sera à Monsieur le Procureur d'Etat de prendre sa décision, et ça, nous verrons quelle sera cette décision.”

Effektiv gouf soss jidderee vum Virworf vum Homicide involontaire fräigesprach. Och deen LCTO-Mataarbechter, deen d'Skulptur bestallt hat a fir deen de Parquet néng Méint Prisong mat Sursis an eng Geldstrof gefrot hat. Säin Affekot, Nicolas Bauer, sot nom Verdikt: "C'est le seul qui a obtenu effectivement ce résultat. Il faudra voir maintenant ce que le parquet décide de faire, s'il y a appel ou pas. Donc on attend. Et on attend de lire la motivation aussi."

Déi nämmlecht Klack bei der Affekotin vum LCTO, Anouk Ewerling. Si ass zefridden, mee waart of, ob de Parquet an Appell geet. De Pol Urbany, Affekot vum fréieren LCTO-Direkter an engem weidere Mataarbechter vum Touriste-Büro fënnt sengersäits: "Et ass en immens gerecht Urteel an et ass virun allem och e ganz gescheit Urteel, well et huet relativ niddreg Strofe gesprach, déi en plus mam ganze Sursis ausgesprach gi sinn, wéinst dem Délais raisonnable. Et huet de Parties civiles relativ vill zougesprach par rapport zu deem, wat wierklech bewise war.”

Sou géif ee méiglecherweis en Appellsprozess evitéieren, fir all déi Bedeelegt um Prozess, d'Famill an d'Ugekloten. Fir hien, wéi fir de Frank Rollinger, Affekot vun engem vun den ugeklote Gemengebeamten, ass dëst Urteel dat eenzegt logescht. “Ech hoffen, dass et och der Famill vun der Victime erlaabt... Si kënnen dat net akzeptéieren, mee dass se iergendwéi vläicht eng Rou kënne fannen no där Decisioun, déi hinnen vläicht net Satisfaktioun gëtt. Dat, mee bon, dat ass awer eppes, wat ech trotzdeem fir se hoffen, dass se dat dann och kënne liesen an novollzéien, firwat e Geriicht zu deenen Decisioune komm ass."

Fir d’Eltere vum Emran wier de Verdikt emol eng Etapp, esou hiren Affekot, Martin Grundmann: "Je tiens quand même à saluer le courage des parents d'Emran qui ont assisté à l'ensemble des débats et qui sont même venus s'exprimer à la barre. Ils ont été d'un courage et d'une force inouïe."

Och si géifen elo mol d'Urteel liesen, ier si eng Decisioun géifen huelen. Vun ronn 700.000 Euro Schuedenersatz an Indemnitéiten, déi fir d’Parties civiles gefrot gi waren, huet d'Geriicht der ronn 250 000 accordéiert.

Back to Top
CIM LOGO