Parlamentaresche Bilan vun Déi LénkEt hätt een déi "autoritär" an "neoliberal" Politik vun der Regierung ausgebremst

Marc Hoscheid
Tim Morizet
Ee Beispill fir de positiven Afloss vun déi Lénk wier d'Aschreiwe vum Recht op Ofdreiwung an d'Verfassung. Virun allem an de Beräicher Sécherheet a Steiere wieren CSV an DP awer weider um falsche Wee.
Parlamentaresche Bilan vun "Déi Lénk"
Kritik u Regierungspolitik a Luef fir eegenen Asaz

Et ass eng Traditioun, datt déi verschidde Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, virun der Summerpaus d'Vertrieder vun der Press op déi sougenannt Fraktiounsiessen invitéieren, fir de Bilan vum parlamentaresche Joer ze zéien. En Donneschdeg war et un deene Lénken an déi hunn d'Geleeënheet genotzt, fir mat der aus hirer Siicht neoliberaler an autoritärer Politik vun der Regierung ofzerechnen.

Parlamentaresche Bilan vun Déi Lénk / Reportage Marc Hoscheid

Fir deen een oder anere Journalist war et ee klengen Déjà-vu, well déi Lénk haten an dee selwechte Restaurant am Stadzentrum invitéiert, wéi d'LSAP déi lescht Woch. Ma obwuel déi Lénk genee wéi och schonn d'LSAP virop d'Regierungspolitik kritiséiert hunn, gouf et awer net genee dat selwecht ze héieren.

Mat Bléck op déi eegen Aarbecht vun deene leschten 12 Méint huet den David Wagner dëse Bilan gezunn: "Mir waren nëmmen zu zwee, vläicht hätte mer kënnen nach méi maachen, vläicht wäerte mer méi maachen, well mer eis dru ginn. Mä zu zwee hu mer Saache fäerdeg bruecht, mir waren de lénke Magnéit an der Chamber a wa mer nach méi gestäerkt ginn, da wäerte mer weiderhin déi positiv Thematiken, déi sozial, déi fortschrëttlech Thematiken mat nach gréisserer Stäerkt an de Mëttelpunkt kënne setzen."

Extrait David Wagner

Hien huet och ervirgestrach, datt et op eng Initiativ vun deene Lénken zeréckgeet, datt d'Recht op Ofdreiwung an der Verfassung festgeschriwwe gouf.  "An dat war, entgéint deem, wat heiansdo gesot gëtt, dat war kee reng symboleschen Apport. Well deen Dag, a mir hoffen all, datt dat ni geschitt, mee deen Dag wou reaktionär Kräfte vläicht méi staark ginn an eng Majoritéit kréien, da wäerte mer gesinn, datt et guer net méi sou symbolesch ass. Well et wäert awer trotzdeem méi schwéier sinn, fir dat ze änneren."

Ob mat deene reaktionäre Kräften d'ADR gemengt war, ass net ganz kloer. Et kéint een awer alt emol op dee Gedanke kommen, den David Wagner hat der ADR nämlech kuerz virdru Rassismus, Fraefeindlechkeet, Homophobie a Klimaskeptizismus virgeworf.

D'CSV-DP-Regierung vum Luc Frieden wier mat dem neoliberaalste Programm zanter Joerzéngten ugetrueden, huet iwwerdeems de Marc Baum gemengt. Et wier awer och mat der Hëllef vun deene Lénke gelongen, déi Politik auszebremsen. Als Beispiller huet hien ënnert anerem d'Pensiounsreform, d'Diskussioun iwwert déi national Representativitéit vun de Gewerkschaften an d'Liberaliséierung vum Gesondheetswiese genannt. Trotzdeem géing een nach "Iwwerreschter vun deem autoritären Opzucke vun dëser Regierung" gesinn.

"A Form vum Inneminister Gloden, deen, nodeem en als alleréischt d'Heescherten an d'Viséier geholl huet, dunn d'Demandeurs d'asyl mam Asylpak an elo d'Strummerte mat der Wegweisung als Zil geholl huet, stelle mer lo fest, datt en esou excitéiert zuckt, datt en esouguer mat enger schosssécherer Vest duerch de Garer Quartier muss trëppelen. Wou ee sech einfach just nach eeschthaft Froen iwwert déi mental Gesondheet vum Inneminister stelle kann." 

Et misst ee sech och d'Fro stellen, wat dës Regierung an deenen nächste gutt zwee Joer nach maache wéilt. An do hätt hien den Androck, datt an éischter Linn weider eng Politik fir d'Patronat gemaach sollt ginn.

"Nach virun e puer Deeg ass de Logementsbooster presentéiert ginn, deen a Wierklechkeet virun allem ee Booster fir déi grouss Promoteuren ass an net fir déi Leit, déi an der Locatioun sinn. Mir gesinn et weider och an all deenen Hëllefen, déi am Tripartiteaccord dra sinn, mir gesinn et an der Steierpolitik, déi einfach sou weiderbedriwwe gëtt. Awer fir d'Walen ze gewannen, maache se och nach eng Kéier eng Tournée générale op Käschte vun de Staatsfinanzen." 

Amplaz Steierkaddoen aus elektorale Grënn fir bräicht et am Fong grouss Investitiounen an den ëffentleche Wunnengsbau an déi energeetesch Transitioun. Dofir kéint een dann och duerchaus Scholden ophuelen.

Fir dës Legislaturperiod war et déi lescht Pressekonferenz vum David Wagner an dem Marc Baum als Deputéiert. Wéi de Rotatiounsprinzip bei deene Lénken et virgesäit, maache si no der Rentrée am Oktober fir déi Nächstgewielte Plaz. Fir den David Wagner réckelt d'Ana Correia da Veiga a fir de Marc Baum de Gary Diderich no.

© Marc Hoscheid

Back to Top
CIM LOGO