No 23 Joer un der Spëtzt vum Nationalarchiv geet d'Direktesch Josée Kirps Enn des Jores an d'Pensioun. Mam Ausschaffe vum Archivgesetz aus dem Joer 2018 an der aktueller Plënneraktioun vun der Stad op de Belval huet si zwou vun deene wichtegsten Etappen an der Geschicht vun der Institutioun begleet. Mir kucken awer net nëmmen zeréck, mee och op d'Erausfuerderunge vun haut a vu muer. Den Invité vun der Redaktioun héiert Dir wéi all moies direkt no den Noriichte vun 8 Auer.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.