Dës Hëtztwell huet aussergewéinlech laang gedauert. An an der Nuecht huet et net ofgekillt. Dat huet dës Canicule esou uerg gemaach, sot de Familljeminister Max Hahn am RTL-Interview e Mëttwoch de Moien. Hien ass ënnert anerem zoustänneg fir d'Alters- a Fleegeheemer. Och an den Altersheemer goufen iwwert déi lescht Jore schonn Erfarunge gesammelt, wéi ee mat der Hëtzt ëmgeet. De Familljeminister huet besonnesch op d'Gemeinschaftssäll verwisen, wou drop gekuckt gi wär, fir d'Temperaturen an der Gitt ze halen.
Et hätt ee verschiddenst Léisungen an engem ganz heterogene Kader. Et gouf zum Beispill mat Killdecken oder Klimaanlagen op déi extrem Hëtzt reagéiert. Altersheemer wieren awer och anescht wéi Spideeler. Do hätt ee Bewunner a keng Patienten. Et géif ee probéieren, d'Leit aus hiren Zëmmeren ze kréien, fir um soziale Liewen deelzehuelen. Kierperlech Aktivitéite goufen ofgesot oder op moies verluecht. An och d'Menue goufen ugepasst. Den Encadrement an den Heemer hätt geklappt.
Méi Suerge géifen déi eeler Leit maachen, déi eleng doheem liewen. Dowéinst gouf eng Initiativ lancéiert, fir verstäerkt no dëse Persounen ze kucken. Et wéilt een awer och mat der Copas e Bilan maache fir ze kucken, wat an den Heemer gutt gelaf ass a wat nach ka verbessert ginn. De Familljeministère wier op alle Fall gewëllt, och finanziell z'ënnerstëtzen, wa sollt nogerëscht ginn. Flächendeckend Klimaanlage wieren awer net geplangt, sou de Minister Hahn. Hien huet och nach erkläert, datt d'Dispositiver fir de Sans-Abrisen ze hëllefen, ugepasst goufen. Sou goufen zum Beispill d'Horairë vun den Opfaang- respektiv Noutstrukturen adaptéiert.
E Mëttwoch de Moie war d'Hëtzt an den Altersheemer Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.