Iwwer 7.400 Summerschool-AschreiwungenFir Dausende Schüler ass d'Schoul schonn nees ugaangen

Diana Hoffmann
D'Summerschool hëlleft de Schüler sech op d’Rentrée oder op hiren Noexamen ze preparéieren.
An der Summervakanz d'Schoulbänk drécken
An der Summervakanz d'Schoulbänk drécken
© Diana Hoffmann / RTL

Fir déi meescht Kanner a Jugendlech ass nach Summervakanz. Ënner anerem och am Atert-Lycée zu Réiden ass d'Schoul awer schonn nees ugaangen. Hei preparéieren d'Schüler an engem Mathéscours schonn op dat neit Schouljoer. D'Summerschool, déi 2020 als Äntwert op d'Covid-Kris lancéiert gouf, ass antëscht e feste Bestanddeel vum Lëtzebuerger Schoulsystem.

Besonnesch Schüler vun der 7e bis an d'5e géingen déi fräiwëlleg a gratis Opfrëschungscoursen notzen, seet d'Jenny Roch vum Educatiounsministère a Responsabel fir d'Summerschool am Secondaire. Jee no Organisatioun daueren d'Coursen an deenen enge Lycéeën eng Woch, an anere sinn et der dann zwou. Wärend dëser Zäit ginn d'Schüler vu Léierpersonal, awer och zu engem Groussdeel vu Studenten encadréiert.

"Et ass mäi véiert Joer an ech kommen ëmmer erëm, well et mer Spaass mécht", erzielt d'Célina Krack, déi Chimie an Däitschland studéiert. Si gesäit d'Summerschool och als Geleeënheet, fir de Proffeberuff besser kennenzeléieren. Wat dann de Cours ugeet, do géingen déi kleng Gruppen den Ënnerscheed maachen. D'Schüler géife sech méi trauen, Froen ze stellen a matzemaachen, wat hinnen de Start an dat neit Schouljoer géing erliichteren.

Och de Semir Hosic, deen am Oktober säi Studium ufänkt an elo fir d'Summerschool Coursen am Atert Lycée hält, gesäit e Virdeel fir d'Participanten. Si kéinten de Stoff nach eng Kéier üben an hätten domat e Virsprong géigeniwwer deene Schüler, déi eréischt mat der offizieller Rentrée nees an d'Schoul ginn, mengt hien.

Mathematik bleift am meeschte gefrot

D'Summerschool gëtt et am Fondamental an am Secondaire a si besteet aus zwou Zorte vu Coursen: cours de remise à niveau, fir Lacunnen aus dem Schouljoer opzeschaffen, a cours de rattrapage, déi Schüler op en Noexame virbereeden, erkläert d'Jenny Roch.

Dem Educatiounsministère no goufen dëst Joer iwwer 7.400 Aschreiwunge registréiert. 2020 waren et 5.900. Dëst géing awer besonnesch doru leien, dass d'Bevëlkerung wiisst. Am Secondaire ass Mathematik dat Fach mat der gréisster Nofro, dono kéim Franséisch. Bei de cours de rattrapage gehéieren nieft dëse Fächer dann och Bio, Physik a Chimie zu de meescht besichte Fächer.

Back to Top
CIM LOGO