
Fir Lëtzebuerg wier d'Situatioun weiderhi positiv evoluéiert an d'Meteos-Konditioune fir déi nächst Deeg wiere favorabel. Den Niveau vum renge Stëbs an der Loft ass niddereg a stabel, heescht et an engem Communiqué. Et wäert een d'Situatioun awer weider am Ae behalen.
Am Norde vum Land goufen an deem Kontext dräi zousätzlech Apparater installéiert, fir d'Loftqualitéit ze moossen.
Weiderhi gëllt d'Consigne: Wann Damp an der Loft constatéiert gëtt, da sollen d'Dieren a Fënsteren zougemaach ginn.