
Enn Juli ware knapp 20.000 Leit beim Aarbechtsamt ageschriwwen, am Joresverglach sinn dat gutt 1.500 Demandeurs d'emploi méi, wat e Plus vu 8,4 ausmécht. Besonnesch héichqualifizéiert Chômeuren, Jonker an Net-Residentë si vun der Hausse betraff. Am meeschte gesicht gëtt am Beräich Informatik.
Am Juli hunn d'Employeure 3.754 fräi Plaze bei der ADEM deklaréiert, 12,8 Prozent méi ewéi am Juli 2025.