Alkoholiséiert hannert d'Steier gesatChauffeur kënnt net aus Parkplaz a kritt e Bam, eng Mauer an e Schëld ze paken

RTL Lëtzebuerg
Dat mellt d'Police ënnert anerem en Donneschdeg de Mëtteg an hirem Bulletin.

E Mëttwoch géint 18:28 Auer gouf der Police en Auto gemellt, deen op der Leidelenger Strooss zu Obeler a Schlaangelinnen ënnerwee war. Eng Patrull vun der Police konnt den Auto kuerz drop an der Rue de Noertzange zu Keel unhalen. Beim Chauffeur gouf en Alkoholtest duerchgefouert, dëse war positiv. De Permis gouf agezunn.

Um selwechten Owend géint kuerz virun 12 Auer gouf der Police en Auto op der Esplanad zu Dikrech gemellt, deem säi Chauffeur zënter enger Zäitche probéiert hat, eng Parkplaz ze verloossen. Dobäi soll hie scho géint e Bam, e Verkéiersschëld an eng Mauer gefuer sinn. Op der Plaz ukomm hunn d'Beamten de Chauffeur kontrolléiert. Den Test war och hei positiv, de Permis gouf op der Plaz agezunn.

Back to Top
CIM LOGO