
D'Produktioun vun erneierbarem Stroum geet an d'Luucht. De Luc Tappela, Direkter vum Institut luxembourgeois de régulation seet: "2025 war dat éischt Joer, wou mer de Stroum aus dem Photovoltaik méi produzéiert hu wéi aus der Eolienne. Dat ass fir d'Éischt. Dat kënnt doduerch, dass mat deene ville Subsiden, déi de Staat ginn huet, ëmmer méi Leit oder vill Leit Installatioune bei sech um Daach hunn. An doduerch mer och vill produzéieren an och mir eng grouss eege Stroumproduktioun hunn."
Ëmmer méi vun deene Produzente verbrauchen hire Stroum selwer amplaz en an d'Netz anzespeisen – dat ass bei den aktuellen Aspeise- a Stroumtariffer méi gënschteg fir de Portmonni. Dobäi goung de Stroumverbrauch bannent engem Joer, also vun 2024 op 2025, trotz Elektromobilitéit a Wäermepompelen ëm manner wéi dräi Prozent an d'Luucht. Den Luc Tapella erkläert: "Et muss een da soen, wa mer soen, d'Stroumconsommatioun, dass haut nëmme 15% vun der Stroumconsommatioun kënnt vun de Privatleit. De Rescht kënnt vun der Industrie, dat heescht de gréissten Impakt läit bei der Industrie, ob déi méi oder manner ee produzéiert oder net, wéi vill Stroum, dass mer verbrauchen oder net brauchen."
Ass d'Stabilitéit vun den Netzer duerch de méi héijen Undeel u lokaler grénger Energie a Gefor? De Luc Tapella mengt: Nee
"T'ass de Contraire. Wann ech d'Renouvelabelen hunn, an dofir si mer jo och fir d'Autoconsommatioun, dat heescht, do wou ech produzéieren, consomméieren ech, brauch ech natierlech manner Reseau."
Den integréierte Präis fir d'Endverbraucher – also de Stroum, d'Netzkäschten an Taxen - ass bannent engem Joer ëm iwwer 30 Prozent geklommen. "An dee geet haaptsächlech an d'Luucht, doduerch, dass déi Subsiden, déi déi Jore virdru waren, déi gemaach hunn, dass déi Präisser éischtens gedeckelt waren an dass déi Präisser méi déif waren. An dass mer 2025 gesinn, dass de globale Präis liicht an d'Luucht gaangen ass, doduerch, dass et manner Subside ginn ass, wéi d'Jore virdrun." Och de Gas ass duerch d'Auslafe vum Präisdeckel vun engem op dat anert Joer ëm knapps 11 Prozent méi deier ginn. De Gasverbrauch ass deene leschte véier relativ stabel bliwwen. Bal de ganze Gas, dee mer zu Lëtzebuerg verbrauchen, gëtt iwwer d'Belsch geliwwert a kënnt iwwer d'Flësseggasanlagen an den Nordséihäfen eran.
Wéi gesäit et elo mat de Stroumpräisser dëst Joer aus? D’Regierung huet jo ugekënnegt, d'Netzkäschten iwwer dräi Joer jeeweils 150 Milliounen Euro ze subventionéieren. Dat wäert sécher e positiven Impakt fir d'Clienten hunn, huet et en Dënschdeg beim ILR geheescht, mee fir den Detail z'evaluéieren, wier et nach ze fréi.