Invité vun der Redaktioun (2. September)Jeff Boonen, President vun der Landwirtschaftskommissioun an der Chamber

Claude Zeimetz
E Mëttwoch de Moie sinn ënnert anerem d'Auswierkunge vum Klimawandel op d'Landwirtschaft Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Meteolux huet en Dënschdeg formell aktéiert, wat mer um eegene Leif déi lescht Méint gespuert hunn. Zu Lëtzebuerg gouf et nach ni sou e waarme Summer wéi dësen. An d’Bauere mat hirem more Karschnatz sinn déi éischt Affer vum Klimawiessel, formuléiert et den EU-Agrarkommissär Christophe Hansen.

Wéi eng Conclusioune missten aus der Siicht vum President vun der Landwirtschaftskommissioun an der Chamber, dem Jeff Boonen, aus dem extreme Wieder a senge Konsequenzen op d’Landwirtschaft gezu ginn? Dat froe mer den CSV-Norddeputéierten, dee selwer och Bauer ass, um 8 Auer als eisen “Invité vun der Redaktioun”.

Ginn et Stellschrauwen, un deenen d’Politik nach dréine misst, fir de Betriber ënnert d’Äerm ze gräifen, och fir méi klima-resilient ze ginn a wéi mussen d’Bauere selwer sech fir d’Zukunft opstellen? Dat diskutéiere mer mam Jeff Boonen.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO