
Kuerz virun 18 Auer sinn an der Rue Prince Henri zu Ettelbréck e Bus an en Auto aneneegerannt, dobäi gouf et ee Blesséierten. D'Secouristen aus der Nordstad waren am Asaz.
Eng gutt Véierelstonn duerno dann zwee Blesséierter op der N21 tëschent Nidderfeelen a Mäerzeg. Hei war et eng Kollisioun tëscht zwee Autoen, déi d'Rettungsekippe vu Feelen a Miersch an den Asaz geruff huet.
Um 19:20 Auer dann eng Chute vun engem Motocyclist an der Diddenuewener Strooss zu Diddeleng. Dëse gouf dobäi blesséiert, op der Plaz waren d'Secouriste vun Diddeleng.