D'Police mellt nees eng Partie DéifställKette vum Hals gerappt an Handy aus der Täsch geklaut

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem koum et zu Gréiwemaacher zu engem Déifstall mat Gewalt.

En Dënschdeg am Nomëtteg krut e Mann zu Gréiwemaachen eng Goldkette vum Hals gerappt. Kuerz virdru war d'e Mann op der Maartplaz vun zwou Fraen ugeschwat ginn, déi hie bis bei sech heem virun d'Dier begleet hunn. Hei hunn si dem Affer d'Kette vum Hals gerappt a sinn du fortgelaf. Eng onmëttelbar Sich no den Täterinnen ass negativ verlaf.

De selwechten Owend mellt e weidere Mann, dass hien, wärend deem en op der Route du Vin zu Réimech laanscht d'Musel spadséiere war, en Handy aus der Boxentäsch geklaut krut. Éischten Erkenntnisser no gouf hie vun dräi Jugendlecher op E-Scootere gestouss a kuerz un der Schëller festgehalen. Dobäi huet ee vun den Täter den Handy vum Affer geklaut. Och hei ass awer bei der Sich vun der Police näischt erauskomm.

A béide Fäll goufen Ermëttlungen ageleet.

Back to Top
CIM LOGO