E Sonndeg am Nomëtteg koum et zu enger Brochlandung vun engem klenge Fliger op der Landepist vum Findel: D'Antonov AN2 ass mat engem Flillek op d'Pist geschloen.
De CGDIS huet RTL en Asaz um Findel confirméiert, awer ouni Detailer ze nennen.
Beim Virfall soll keen eeschthaft blesséiert gi sinn.
Vu Passagéier krut RTL gemellt, datt "Chaos" um Findel gewiescht wier.
Um Site vu lux-Airport gesäit een dann och, datt de Virfall nawell e fermen Impakt op de Fluchtrafic hat: 10 Departe vum Findel sinn zanter 18 Auer ofgesot ginn, vun der Luxair goufen insgesamt 8 Vollen annuléiert:
LG8021/8022 (Paräis)
LG8857/8858 (Wien)
LG3593/3594 (Barcelona)
LG4597/4598 (London)
LG6543/6544 (Venedeg)
LG5435/5436 (Kopenhagen)
LG9473/9474 (Berlin)
LG9513/9513 (Hamburg)
Ma och Flich vun aneren Airlines ware vun Annullatioune betraff:
KL1713/1714 (Amsterdam) (KLM Royal Dutch Airlines)
EN8754/8755 (Frankfurt) (Air Dolomiti)
TK1355/1356 (Istanbul) (Turkish Airlines)
LX758/759 (Zürich) ((Swiss International Airlines)
LO253/254 (Warschau) (Lot Polish Airlines)
LH2322/2323 (München) (Lufthansa)
10 Luxair-Flich, déi um Findel lande sollten, goufen deviéiert. Dausende Passagéier ware vun den Annulatiounen, Ëmleedungen a Retarde betraff.
lux-Airport huet eis kuerz no 20 Auer iwwerdeems matgedeelt, datt d'Opraumaarbechte wéi och d'Inspektioun vum Tarmac ofgeschloss sinn an d'Pist deementspriechend och nees bereet wier, fir a Betrib geholl ze ginn.