ZeienopruffPolice sicht Zeien, nodeem 100 Kofferkabelen a Rond-point zu Suessem opgedaucht sinn

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no Zeien, nodeems e Mëttwoch de Moie géint 8:40 Auer ronn 100 Kofferkabelen am Rond-point Gadderscheier op der Strooss verdeelt fonnt goufen.
© Police

Éischten Erkenntnisser no sinn d'Kabele kuerz virdru méiglecherweis vun engem Camion oder Liwwerwon erofgefall.

Persounen, déi e verdächtegt Gefier oder eppes Ongewéinleches am Beräich vum Rond-point observéiert hunn, gi gebieden, sech beim Policebüro Bieles ze mellen, dat ënnert der Nummer (+352) 244 52 1000 oder mat enger Mail u Police.BELVAUX@police.etat.lu

© Police

Back to Top
CIM LOGO