DiddelengPolice verhaft Drogendealer
Bei enger Kontroll op enger Gare zu Diddeleng goufen zwou Persoune ermëttelt, déi Haschisch, ronn 180 Gramm, bei sech haten.
Verëffentlecht: 01.06.21 11:35, Update: 10.12.25 11:21
Well d'Beamten de Verdacht haten, datt eng vun de Persounen en Dealer wier, gouf de Parquet informéiert. De Mann gouf verhaft a koum virun den Untersuchungsriichter.