
Eng Policepatrull war an der Nuecht op en Dënschdeg am Raum Rouscht ënnerwee, wéi se eng Persoun gesinn huet iwwert e Feld fortlafen, nodeems dës d'Beamten entdeckt huet. Net wäit ewech sinn nach aner Leit och deen Ament fortgelaf. Et gouf direkt eng Sichaktioun lancéiert an et konnten dräi presuméiert Täter gepëtzt ginn. Op engem Schantje war en Zonk futti geschnidde ginn an eng Partie Elektrokabele ware scho bei déi Ëffnung transportéiert, fir da wuel geklaut ze ginn. Et goufen dann och eng See a Briecheise séchergestallt, déi an deem Beräich fonnt goufen.