Invité vun der Redaktioun (2. Juli) - Carlo FeiereisenEng Fusioun mat Esch wier "absolut keng Diskussioun"

Marc Hoscheid
En Donneschdeg de Moie waren d'Erausfuerderunge vun der Schëfflenger Gemeng Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Carlo Feiereisen
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Zanter knapp engem Joer sëtzt de Carlo Feiereisen zu Schëffleng um Stull vum Buergermeeschter. D'Gemeng feiert dëst Joer hiren 150. Gebuertsdag, ma nieft der Organisatioun vun de Festivitéite stinn nach eng Partie weider Erausfuerderungen um Programm, virop bei der Schoulorganisatioun an der Revitaliséierung vun den Industriefrichen. Dat sot den LSAP-Politiker en Donneschdeg de Moien als Invité vun der Redaktioun.

Historesch gesinn ass Schëffleng enk mat der Stolindustrie verbonnen, ma wou fréier Aarbechtsplaze waren, leeft haut dacks net méi sou ganz vill. Dat soll sech awer no an no änneren. Um Op der Metzeschmelz sollen zum Beispill bis zu 10.000 Leit bäikommen, dozou knapp 8.000 Aarbechtsplazen. Ronn 10 Prozent vum Site leien um Territoire vun der Schëfflenger Gemeng, an där hire Buergermeeschter Carlo Feiereisen gesäit de Projet ganz positiv.

"Et ass ee spannende Projet, wou ee Modellcharakter soll entwéckelt ginn, dee mer autofräi wëlle gestalten, awer och mat aneren innovativen Iddien, wéi ee Waasser ka spueren op sou engem Site. Mir ginn dee Projet zesumme mat der Entwécklungsgesellschaft Agora un, dat ass spannend, dee begleeden ze dierfen."

Hie géing sech lo schonn op de Moment freeën, wann 2032 déi éischt Leit op de Site plënnere sollen an och de séieren Tram op der Metzeschmelz ukomme soll.

Ee Sujet, deen d'Gemeng Schëffleng an deene leschte Joren zimmlech vill beschäftegt huet, ass d'Schoulorganisatioun. Sou huet et an der Vergaangenheet massiv u Plazen a Maison-relaise gefeelt. Déi Situatioun hätt sech zwar verbessert, mee nach ëmmer stinn 53 Kanner op enger Waardelëscht. Et wéisst een, datt dat keng einfach Situatioun fir d'Eltere wier, dowéinst géing och u Léisunge geschafft ginn.

"Mir waarden op een Agrement, fir eng weider Infrastruktur opzemaachen, wou mer nach eng 40 Kanner kënnen ophuelen, da bleiwen der nach ëmmer e puer iwwreg an ech hoffen, datt mer do och eng Léisung fannen, mee mir wäerte sécherlech net fir jiddereen eng fannen. D'Situatioun wäert sech d'nächst Joer komplett änneren, da wäert eng Schoul, déi haut nach zou ass, opgoen an da wäerte mer och an der Albert Wingert Schoul eng weider Annexe opkréien, wou mer dann hoffen, datt mer fir all Kand zu Schëffleng eng Maison-relais-Plaz hunn."

Zu Schëffleng wäert dann och eng ëffentlech Europaschoul gebaut ginn, se soll am Joer 2028 opgoen. Bis ewell gëtt et der 6 hei am Land. Et géing ee sech freeën, datt de Choix op Schëffleng gefall ass an datt een déi Offer esouwuel de Schüler vu Schëffleng, mee och aus de Gemenge ronderëm ubidde kann. Et géing ee sech awer och Gedanken iwwert den zousätzleche Verkéier maachen.

Mat enger Nopeschgemeng, an zwar Esch, ass Schëffleng urbanistesch deels schonn zesummegewuess. Do stellt sech d'Fro, ob net och eng politesch Fusioun sënnvoll oder op d'mannst denkbar wier. Do wénkt de Carlo Feiereisen awer séier of.

"Also ech weess, datt dat ëmmer mol rëm vum Escher Buergermeeschter sou an d'Ronn geheit gëtt. Dat ass zu Schëffleng awer absolut keng Diskussioun. Esch ass déi zweetgréisste Gemeng, mir déi sechstgréissten aus dem Süden, et mécht definitiv Sënn, op villen Dossieren zesummenzeschaffen. Dat wäerte mer jo och am Kader vun der Metzeschmelz souwisou maachen. Wann ee lo vun enger Fusioun schwätzt, dat ass awer zu Schëffleng keen Thema an ech mengen zu Esch och net. Ech weess och net, ob déi Escher wierklech zu Schëffleng wéilte gehéieren."

Och mat Keel a Monnerech wiere keng Gespréicher iwwert een Zesummeschloss geplangt. Et géing een zwar gutt zesummeschaffen, mee zu Schëffleng wier ee glécklech, wéi et elo ass.

A lo feiert een zu Schëffleng wéi gesot mol den 150. Gebuertsdag. Den Ufank ass e Méindeg, de 6. Juli mat enger "moderner" Séance académique, ma et wäerten nach wäit bis an dat nächst Joer era Manifestatiounen organiséiert ginn.

Invité vun der Redaktioun: Carlo Feiereisen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO