Coronavirus zu LëtzebuergVu 7.552 Tester waren der 60 positiv, keen neit Doudesaffer
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.
Verëffentlecht: 03.09.20 17:30, Update: 03.09.20 17:38
Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 60 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufe 7.552 Tester vu Residente gemaach.
Aktuell si 16 Leit hospitaliséiert, dovunner 2 op der Intensivstatioun.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,90.
PDF: De Rapport journalier vun der Santé