Coronavirus zu LëtzebuergVun 1.141 Tester waren der 10 positiv, keen neit Doudesaffer
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.
Verëffentlecht: 07.09.20 17:30, Update: 07.09.20 17:29
Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 10 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufen 1.141 Tester vu Residente gemaach.
Aktuell si 15 (+4) Leit hospitaliséiert, dovunner kee méi op der Intensivstatioun.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,02.
PDF: Rapport Journalier vun der Santé (7.9.2020)